• Live

  • Album cover

De soziokulturelle Radio, «radio 100,7» fënnt säin Urspronk am Mediegesetz vum 27. Juli 1991. 2 Joer méi spéit iwwerdréit de radio seng éischten Emissioun, den 19. September 1993 op der Frequenz 100,7 am FM-Band. Den Optrag vum radio 100,7 ëmfaasst d’Produktioun an Diffusioun vun engem soziokulturelle Programm, e Programm fir Kultur an Informatioun mä och sozial Kommunikatioun an Ënnerhalung. De radio 100,7 diffuséiert e gemëschte Museksprogramm mam Schwéierpunkt op klassescher Musek. De radio 100,7 huet kloer definéiert, kulturell Objektiver: Promotioun vu kulturellen Aktivitéiten an der artistescher Kreatioun, kulturell Sensibiliséierung vum Publikum, Verstäerkung vun der kultureller Identitéit vu Lëtzebuerg, Kenneléiere vun der nationaler Geschicht, Promotioun vun der lëtzebuerger Sprooch an eng kulturell Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner.